Famill Hemmer, wenn ass dat?
Ugefaangen mam Georges Hemmer hien ass den 22.09.1989 Gebuer, ass den Betriebsleiter an och Chef vum Hemmerhaff. No dämms hien seng Ausbildung zu Ettelbréck an der
Akerbauschoul gemaach huet huet hien bei Convis geschafft. Him war awer séier bewosst dat hien emol den Betrib Doheem iwwerhuelen wéilt, niewent dem Elterlechen Betrib zu
Ell ass den Pallener Betrib dunn 2013 dobäi Gepacht ginn. Hënn féiert den Betrib aus Passioun an Leidenschaft um Beruff vum Bauer. Dem Georges seng Stäerkten léien
am Ëmgang mam Véi, Herdenmanegment. Den Georges ass dobäi nach een Fair Mëllech Bauer, Member an der Faircoperativ Lëtzebuerg, www.mellech.lu, an Produzent vum Lëtzebuerger Poulet
vun www.poulet.lu .
Weider geet et mam Tina Hemmer hat ass 03.03.1990 Gebuer, huet seng Ausbildung zum Employée Privée Commerciale am Sainte-Anne zu Ettelbréck ofgeschloss, duerno ass hat nach emol
fir zwee Joer ant Akerbauschoul gaangen fir Ausbildung vum Bauer drunzehänken. Hat as Zertifizeierten Baurenhaff Pädagogin. Um Bertrieb kemmert hat sech em Bürokratie, an em alles wat
Ferme Pédagogique ass. Hat schafft dobäi nach fiert Faircoperativ Lëtzebuerg www.mellech.lu . Seng grouss Leidenschaft sinn Islandpäerd an Wagyuen.
Den nächsten an der Réi ass den Rick, hien ass 31.01.2014 Gebuer.
Als Leschten an Réi ass den Emil hien ass den 03.03.2017 Gebuer.
Um Haff schafft nach den Philippe Hemmer, dem Georges säin Brudder an den Camille Hemmer dem Georges säin Papp. Den Phillippe ass den Maschinenmann an këmmert sech em alles wat
rullt.